Home / Series / Miersch TV / Aired Order /

All Seasons

Season 2019

  • S2019E01 Emissioun vum Januar 2019

    • January 30, 2019

    MierschTV ass definitiv gebuer. An dëser éischter Sendung huele mer Iech mat op d'Concerte vun der Mierscher Musek a vun der Big Band vun der Militärmusek, mir waren op d'Seniorefeier an op d'Sportleréierung an déi Pëttener Theaterfrënn stoungen zu Biereng op der Bühn. Am Kulturhaus huet d'Direktioun den 1.1.2019 changéiert an och dat hu mer a Bild an Toun fest gehalen. Miersch TV fann der elo zweemol de Mount op Vimeo an op Facebook an och op mersch.lu. Vill Spaass. Miersch TV ass eng Productioun vu Local Lux TV S.à r.l.

  • S2019E02 Emissioun vum 15.02.2019

    • February 15, 2019

    Miersch ass 2019 den Téléviezenter aus dem Zentrum. An deem Kontext hat den Organisatiounscomité op eng ganz intressant Konferenz mam Dr Dicato invitéiert. Donieft war Miersch TV an d'Altersheim, wou een 100te Gebuertsdag gefiert gouf an d'Integratiounskommissioun hat op d'soirée française op Biereng invitéiert.

  • S2019E03 Emissioun vum 28.02.2019

    • February 28, 2019

    Waasser ass d'Gold vun der Zukunft. Miersch TV war derbäi wéi zu Recken no Waasser gebuert an es och fonnt gouf. Donieft ware mer an d'Lieshaus op Miersch a weisen Iech wat Bebéeën an enger Bibliothéik maachen. D'Equip vum Téléviezenter Miersch hu mer dann op Vältesdag begleed, wéi d'Häerz vum Télévie an dat vun der Léift sech begéint hunn.

  • S2019E04 Emissioun vum 15.03.2019

    • March 15, 2019

    D'Buergbrenne war dëst Joer bal an d'Waasser gefall, oder besses gesot, d'Affer vum Stuerm ginn. Déi Mierscher Pompjeeën hunn hir awer gebrannt, och wann et bëssen anëscht war wéi soss. Miersch TV weist Iech wéi vill Aarbecht néideg ass, bis d'Buerg dann Owes brennt. Dann huele mer Iech mat op de Second Hand vun de Jeunes Mamans Miersch op Biereng an d'Jugendhaus huet Graffiti fir de gudden Zweck versteet.

  • S2019E05 Emissioun vum 31.03.2019

    • March 31, 2019

    Den Eltere-Restaurant, oder wa Kanner fir hir Eltere kachen. D'Maison Relais um Krounebierg organiséiert reegelméisseg dëst flott Evenement. Flott fir d'Kanner, déi gesinn, wéi a mat wat gekacht gëtt, déi selwer, net nëmmen eng Hand upaken, mä quasi dat ganzt Iesse virbereeden an duerno och nach zervéieren. Selbstverständlech hunn si och d'Dëscher gedeckt an dekoréiert. An engem anere Reportage huele mer Iech mat an den LCD zu Miersch, deen den Ament renovéiert gëtt a mir waren op ee Concert an d'Kierch op Miesdref.

  • S2019E06 Emissioun vum 15.04.2019

    • April 15, 2019

    Wäit iwwer 100 Leit aus der Mierscher Gemeng hunn sech Uganks Abrëll getraff fir hir Gemeng botzen ze goen. Virun allem ass et drëm gaangen fir deen Dreck, dee leider nach ëmmer verschidde Knaschtpittien einfach an d’Natur geheien, wäsch ze maachen. Wat motivéiert d’Leit an d’Veräiner mat ze goen a wat gouf Alles esou fonnt ? Miersch TV weist iech et. Dann huele mer Iech och mat op den Europadag, wou besonnëch d’Kanner aus de Gemenge Miersch, Lënten a Luerenzweiler ganz aktiv waren a mir kucken och schonn op de Programm vum Télévie Dag, deen de 26. Abrëll op der Méchelsplaz zu Miersch ass. Do ass och Miersch TV dee ganzen Dag op der Plaz.

  • S2019E07 Emissioun vum 30.04.2019

    • April 30, 2019

    An der Emissioun vum 30. Abrëll vu Miersch TV huele mer iech mat op déi grouss Final vum Télévie op der Méchelsplaz. Mir resuméieren dee ganzen Dag, dat heescht d’Chèque-Iwwerreechungen, den Optrëtt vum Dream-Team, de Ferrari&Friends an de Motorrieder, de sëlleche Museks- a Folklorgruppen, mir waren op d’Steeë vu Bicher an Holz, erklären de Plooschter Projet mat deem der Liewe kënnt retten, hu mam Kaiser Franz a mat den Organisateure vum Télévie national an aus dem Zenter Miersch geschwat a Villes méi. Um Enn stoungen zu Miersch 175’000 € um Compteur. Respekt. Schéckt eis äer Manifestatiounen per Mail op: localluxtv@gmail.com

  • S2019E08 Emissioun vum 15.05.2019

    • May 15, 2019

    D'Maartsaison zu Biereng huet de 4. Mee ugefaangen. De Maart hat kuerzfristeg wéinst dem schlechte Wieder missen an d'Hal verluegt ginn, mä den Erfollëg war awer ganz grouss, Reen gouf et och beim Championnat vun den "Trompes de chasse" am Mierscher Park. Miersch TV weist Iech d'Biller a vill Informatiounen rondrëm dee Concours. An da ware mer nach lescht Biller vum Silo dréien ier deen no an no ofgerappt gëtt. Vill Spaass beim Kucken.

  • S2019E09 Emissioun vum 31.05.2019

    • May 31, 2019

    D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn hir 100 Joer zu Miersch am Park gefeiert. Mat Spill a Spaass, an natierlech mat Miersch TV. Spaass fir Grouss a Kleng gouf et och um Kass-Haff zu Rolleng. Et war erëm eng lass beim Bauer Kass. Mir stellen Iech deen Haff mat sengem ganz spezielle Konzept fier. An da gi mer och nach an d'Lëtzebuerger Literaturarchiv, also an d'Servais Haus. Vill Spaass beim Kucken.

  • S2019E10 Emissioun vum 15.06.2019

    • June 15, 2019

    D'Temperature klammen an de Risiko fir vun enger Zeck gepickt ze ginn och. Wéi kann ee sech schützen a wat mécht ee wann een awer gestach a krank gëtt. Mat Borrelios ass net ze spaassen. Miersch TV war op der Zeckekonferenz mam Dr. Jacobs a gëtt Iech all wichteg Informatiounen rondrëm Thema Zecken. Da stelle mer Iech och nach déi Mierscher Geschäftswelt fier, d'Union Commerciale et Artisanale huet nämlech vill ze bidden a mir feiere 50 Joer mat de "Loutres" vu Miersch.

  • S2019E11 Emissioun vum 30.06.2019

    • June 30, 2019

    Den 22. Juni war zu Miersch ee grousst Vollécksfest fir den Nationalfeierdag. Wéi ëmmer ware ganz vill Leit dobäi am Cortège, am Te Deum an um Fest op der Maartplaz. Miersch TV resuméiert dee ganzen Owend bis an d'Nuecht eran. Ee richtege Lëtzebuerger ass och eisen Nationalheld, de Superjhemp an dee kënn der den Ament an enger flotter Expo am Servais Haus gesinn. Vill Spaass bei Miersch TV vum 30. Juni 2019.

  • S2019E12 Emissioun vum 15.07.2019

    • July 15, 2019

    Den 30. Juni war vill lass zu Miersch. Engersäits d'Braderie mat super Affairen an dann awer och d'Summerfest am Kannerduerf. Bei deenen zwou Manifestatiounen bei extrem waarmen Temperaturen war Miersch TV derbäi. De Policedag war iwwregens och nach deen Dag, mä doropper komme mer an der Emissioun vum 31. Juli zeréck. Dës Kéier huele mer Iech nach mat op d'Schlassfest zu Pëtten verbonne mam Schlasslaf. Vill Spaass !

  • S2019E13 Emissioun vum 31.07.2019

    • July 31, 2019

    Bis zum Alter vu 97 Joer war d'Vicky Schaack Wiertsfra. Den 19. Juli huet si hiren 100te Gebuertsdag gefeiert. Am Interview mat Miersch TV erkläert d'Madam Schaack ënnert anerem wat de Grand-Duc Henri mam eenzege Wiertsprotokoll, deen si jee kritt huet, ze dinn huet. Donieft gi mer op d'Schlassfest op Schëndels a mir kommen op de Policedag zeréck.

  • S2019E14 Emissioun vum 31.08.2019

    • August 31, 2019

    De Summer, oder op d'mannst emol d'Summervakanz, geet esou lues op een Enn. An der neister Emissioun vu Miersch TV kucke mer dann och op e puer Aktivitéiten vum Summer 2019 an der Mierscher Gemeng zeréck. An der Schwemm um Krounebierg hu mer eis virun allem fir d'Aarbecht vun de Studentinnen intresséiert (Merci dem Noémie Schockmel fir den Interview). Mir hunn eis awer och déi verschidden Aktivitéiten, déi d''Schwemm ubidd, vun der Cheffin Annette Stempels erkläre gelooss. Am zweete Reportage klamme mer dann op de Velo a fuere vu Miersch op Mamer. Dat ass ee Genoss wann d'Strooss gespaart ass. Eemol d'Joer ass dat jo bei "Alles op de Velo" de Fall. De Mouvement Ecologique organiséiert dat zesumme mat der LVI - Lëtzebuerger Vëlosinitiativ an de Gemengen Administration communale de Mersch Commune de Kopstal Gemeng Mamer. Zum Schluss vun eisem Velostour hu mer ee Stop um Draachefest Zu Miersch vun der Mierscher Musek gemeet.

  • S2019E15 Emissioun vum 15.09.2019

    • September 15, 2019

    D’Gemeng Miersch beschäftegt zanter kuerzem zwee Agents municipaux, sougenannt Pecherten. Si suergen dofir, dass d’Leit sech un d’Police-Reglement halen. Dozou gehéiert virun allem d’Parken, mä de Steve an den Thierry sinn och Bannhidder. Miersch TV huet d’Agenten op hirer Aarbecht begleed. Kaméidi mam Noper : Dat kann am Extremfall ganz schlëmm ginn an iwwer Joren a Joerzéngten daueren an och viru Geriicht landen. Dat muss net sinn an dofir offréiert d’Mierscher Gemeng zanter dësem Joer eng gratis Mediatioun. Detailer dozou mat der Mediatrice Astrid Glod. D’Bildchen zu Rolleng ass zanter Joerzéngten eng Plaz wou Leit Trouscht fannen. Eemol d’Joer ass d’Bildchen Prosessioun vun de Frënn vum Rollénger Bildchen. Miersch TV war mat derbäi. Donieft natierlech eisen Agenda mat deem wat deemnächst an der Mierscher Gemeng lass ass. Vill Spaass beim Kucken !

  • S2019E16 Emissioun vum 30.09.2019

    • September 30, 2019

    Miersch ass eng immens flott Gemeng, wou ganz vill lass ass. Dat gesidd der och erëm an der neister Emissioun vu Miersch TV. Mir huelen Iech mat op den Eenelter Maart vum Dëschtennis Recken. Den Eenelter Maart ass ee Maart mat iwwer 100 Stänn, vill Animatioun an natierlech Iessen an Drénken. “Balafré und das Wolfsrudel im Merscher Wald” esou heescht ee Buch an eng Ausstellung. D’Initiative an d’Idee fir dat Buch hat de Leader Lëtzebuerg West. Mam LCD Miersch huet de Leader ee Partner fonnt fir dat ganzt ëm ze setzen a wéi d’Resultat dunn esou gutt war, ass ganz kuerfristeg decidéiert ginn, fir eng Ausstellung am Kulturhaus zu Miersch mat deene flotte Biller an Texter vun de Schüler ze maachen. Eng ganz gelongen Expo an déi Responsabel vum Projet Christiane Pascale Kuffer-Defays a Claude Mangen waren um Vernissage méi wéi zefridden. Eng weider Ausstellung kënn der den Ament am HPPA zu Miersch gesinn.

  • S2019E17 Emissioun vum 15.10.2019

    • October 15, 2019

    Am éischte Reportage huele mer Iech mat op de Kürbisweekend zu Biereng. Nieft ville Kalbassen fir z’iessen an ze dekoréieren an dem Concours vum schwéierste Kürbis, waren awer och erëm ganz vill verschidde Stänn um Maart a vill Animatioun, ënnert anerem och mam Capoeira Mersch. 40 Joer ass et hir, dass déi éischt Fraen an d’Police komm sinn. Fir op dee laangen an zum Deel net einfache Wee zeréck ze kucken ass den Ament eng Ausstellung am Mierscher Kulturhaus. Miersch TV huet do mam Viviane Eschenauer, enger vun den éischte Polizistinnen zu Lëtzebuerg geschwat, Ënnert anerem iwwert Poschen an Tallekeschong. Zanter zwee Joer gëtt et am CIPA Blannenheem eng Chorale. DoReMi Blannenheem huet viru kuerzem mat engem flotte Concert deen zweete Gebuertsdag gefeiert.

  • S2019E18 Emissioun vum 31.10.2019

    • October 31, 2019

    Zwee ganz ënnerschiddlech Sujete proposéiere mer Iech an der Emissioun vum 31. Oktober 2019. All Joer ëm den 10. Oktober erënneren d'Lëtzebuerger sech un d'Jongen a Meedercher, déi am zweete Weltkrich d'Trei zu hirer Heemecht mam Liewe bezuelt hunn. Um nationale Commémoratiounsdag, gëtt un d'Affer vum Krich erënnert. Zu Miersch mécht den Dechen Felix Steichen dat op eng ganz besonnech a beandrockend Manéier an zwar mat enger konkreter a richteger Geschicht vun deemols. Dës Kéier ass et den Drama rondrëm d'Famill Hansen. D' Liz Weiler huet dat klengt Alice Hansen von de Joeren 1940-1945 hannert der Schiedwand an der Kierch op eng ganz gefillvoll Manéier interpretéiert. Respekt ! Ee ganz anere Sujet dann am zweete Reportage : Manner eliminéieren, méi recycléieren, dat ass de Motto vun der Campagne vum SIDEC fir d'Reorganisatioun vun der Offallsammlung. Mir erklären Iech déi nei brong a gréng Dreckskëschten a soen Iech wéini déi neierdéngs 4 Poubellen eidel gemaach ginn a wat et kascht.

  • S2019E19 Emissioun vum 15.11.2019

    • November 15, 2019

    ???? Am éischte Reportage heescht et ????????‍♀️????‍♂️???????? Moien a Wëllkomm zu Miersch. D' Administration communale de Mersch organiséiert all Joer ee flotten Owend am Mierscher Kulturhaus fir déi nei Awunner ze begréissen. Dobäi kënnen dann och d‘Veräiner sech virstellen. ???? Duerno bleiwe mer am Kulturhaus, wou d‘Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch den Ament eng Ausstelung hunn mam Titel : „Miersch, Metropol vun der Lëtzebuerger Bauerewelt“. Kuckt Iech de Reportage un, mä gitt onbedéngt och an d‘Expo, déi nach bis den 1. Dezember op ass. ???? Um Enn stelle mer Iech dann nach een neie Service vun der Mierscher Gemeng fir, wou der kënnt Problemer oder Gefore mellen. Hei gëllt d‘Email : travaux@mersch.lu

  • S2019E20 Emissioun vum 30.11.2019

    • November 30, 2019

    An der Emissioun vun Enn November geet et ganz vill ëm Holz a Beem. Am éischte Reportage huele mer Iech mat op den Dag vum Bam, deen d' Administration communale de Mersch all Joer fir déi Neigebueren vum Joer virdrun organiséiert. De Bam gouf dës Kéier zu Biereng geplanzt an d'Kanner haten hir Freed beim schëppen......an hir Elteren natierlech och. Duerno kucke mer wéi ee mat Holz, oder méi genee mat "Holzhackschnëtzel", hëtze kann. D'Gemeng huet viru kuerzem d'Energiezentral, mat där 21 Gebaier, ënnert anerem de @Lycée classique de Diekirch zu Miersch an den HPPA asbl gehëtzt ginn, ageweit. An zum Schluss maache mer dann nach Musek, mä net nëmme mat Holzinstrumenter. D' Union Grand-Duc Adolphe - Ugda huet verdéngschtvoll Museker, Dänzer a Sänger ausgezeechent, och zu Miersch. A ganz um Enn dann eisen Agenda mam grousse Spektakel rondrëm de Pir Kremer deemnächst am Mierscher Kulturhaus. Vill Spaass beim Kucken !

  • S2019E21 Emissioun vum 15.12.2019

    • December 15, 2019

    Miersch TV vum 15. November 2019 Am éischte Reportage heescht et Moien a Wëllkomm zu Miersch. D' Administration communale de Mersch organiséiert all Joer ee flotten Owend am Mierscher Kulturhaus fir déi nei Awunner ze begréissen. Dobäi kënnen dann och d‘Veräiner sech virstellen. Duerno bleiwe mer am Kulturhaus, wou d‘Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch den Ament eng Ausstelung hunn mam Titel : „Miersch, Metropol vun der Lëtzebuerger Bauerewelt“. Kuckt Iech de Reportage un, mä gitt onbedéngt och an d‘Expo, déi nach bis den 1. Dezember op ass. Um Enn stelle mer Iech dann nach een neie Service vun der Mierscher Gemeng fir, wou der kënnt Problemer oder Gefore mellen. Hei gëllt d‘Email : travaux@mersch.lu An ganz zum Schluss nach den Agenda an do mierkt een, dass Chrëschtdag net méi all ze wäit fort ass. Vill Spaass beim Kucken a Merci fir Deelen a Liken !

  • S2019E22 Emissioun vum 31.12.2019

    • December 31, 2019

    An der leschter Emissioun vum Joer huele mer Iech nach eng Kéier mat zeréck an d'Chrëscht-Stëmmung. Am Lycée classique de Diekirch zu Miersch am Lycée Ermesinde Mersch an och am Bieschbecher Atelier vum Blannenheem ware Chrëscht- respektiv Adventsmäert. Als kleng Kaddo fir d'Enn vum Joer hu mer Iech duerno nach een Zesummeschnëtt vun e puer vun de wäit iwwer 60 Reportage vum Joer 2019 gemeet. Zum Schluss dann den Agenda mat Konter a Matt, Comedy mat Tri-2-Pattes a Yoga mam Sabine. Miersch TV a Local Lux TV wënschen Iech ee schéint Joer 2020 bei beschter Gesondheet. Merci, dass der eis Emissioune kuckt a bis geschwënn.

Season 2020

  • S2020E01 Emissioun vum 15.01.2020

    • January 15, 2020

    Am éischte Reportage sprange mer nach eng Kéier zeréck an dat aalt Joer, bei den nationale Literatur-Concours. Déi bescht Auteure goufen am Centre national de littérature (CNL) - Lëtzebuerger Literaturarchiv vun der Kulturministerin Sam Tanson ausgezeechent. Gewënner sinn de Samuel Hamen d' Olivia Katrandjian an d' Anja Nancy Di Bartolomeo. Bei de jonken Auteuren huet den Antoine Pohu deen éischte Präis kritt. Mir hunn awer och mam President vum Jury, dem Jerome Jaminet geschwat. Am Mierscher Kulturhaus kënnt der nach bis an de Mäerz de Spektakel "Um Stamminee" erliewen. D Regie bei dëser flotter Revue iwwert d'60er a 70er Joren mat Texter vum Pir Kremer, féiert den Direkter Claude Mangen. Mir weisen Iech Extraiten aus der leschter Prouf. A fir beim PIK, dem Pir Kremer ze bleiwen, huele mer Iech och nach mat op de Vernissage vun der Ausstellung "ZesummegePIKtes", déi an enker Zesummenaarbecht mam CNA an dem CNL op d'Bee gestallt gouf.

  • S2020E02 Emissioun vum 31.01.2020

    • January 31, 2020

    Am éischte Reportage stelle mer Iech den neie Schäffe vu Miersch vir. Den Krier Henri ass deene meeschten awer bekannt zu Miersch. Mir ware bei senger Vereedegung am Ministère de l'Intérieur Luxembourg derbäi. An der nächster Emissioun maache mer dann och de Bilan mam Abby Toussaint iwwer seng zwee Joer als Schäffen vun Administration communale de Mersch. Iwwer 300 Leit waren op d'Seniorefeier vun der Mierscher Gemeng komm. Déi war dës Kéier an engem neie Kader um Krounebierg an d'Leit waren all déck zefridden. Dës Feier gëtt vun der Sozialkommissioun a Kommissioun vum drëtten Alter ënnert dem President Romain Miny organiséiert a selbstverständlech huet och de Buergermeeschter Michel Malherbe deenen eelere Leit MERCI gesot. Zum Ofschloss huele mer Iech dann nach mat an den Theater vun de Pëttener Theaterfrënn. Déi feieren dëst Joer hire 75te Gebuertsdag an hunn am Januar wéi ëmmer d'Leit begeeschtert. Um Enn dann nach den Agenda mat ganz vill Fuesstëmmung. Vill Spaass beim kucken !

  • S2020E03 Emissioun vum 15.02.2020

    • February 15, 2020

    Sport, Aktivitéite fir Leit iwwer 50 Joer an de Bilan mam Ex-Schäffen sinn eis Themen Mëtt Februar bei Miersch TV. 30 Eenzelsportler an 19 Equipen goufen dëst Joer op der Sportleréierung vun der Administration communale de Mersch vun der Sportskommission Miersch ausgezeechent. All d'Gewënner gesidd der am Reportage. 2 Joer war den Abby Toussaint Schäffen zu Miersch, elo ass hien nees Conseiller, esou wéi et am Koalitiounsvertrag ofgemeet gi war. Mir hunn ee klenge Bilan mam Abby gemeet. De Club Uelzechtdall gëtt et schonn zanter 20 Joer. 9 Gemengen bidden de Leit iwwer 50 Joer all méiglech Aktivitéiten un. Dëst Joer war et un der Mierscher Gemeng fir op de Neijoschpatt z'invitéieren. Mir hu mam President Paul Bach iwwert d'Aktivitéite vum Club Uelzechtdall geschwat. Um Enn vun der Emissioun wéi gewinnt den Agenda. Vill Spaass beim Kucken !

  • S2020E04 Emissioun vum 29.02.2020

    • February 29, 2020

    An der Mierscher Gemeng liewe Leit vu ronn 100 verschiddenen Nationalitéiten. Et ass der Administration communale de Mersch immens wichteg dës Mënschen z'integréieren. Dat geschitt ënnert anerem iwwer Fester, wéi d'Soirée, déi d'Integratiounskommissioun all Joer am Januar organiséiert. Dës Kéier goung et kulinaresch a China. An engem Noutfall séier hëllefe kënnen, ka Liewe retten. Dofir sinn éischt Hëllef Coursen esou wichteg an de CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours, zesumme mat de Mierscher Pompjeeën asbl, organiséiere vun Zäit zu Zäit esou Coursen. Mir waren derbäi, wéi den Defibrilator erkläert gouf Ee ganz gutt gefëllten Agenda dann um Enn, mat Konferenzen, Concert, der Naturbotz an dem Second-Hand. Vill Spaass beim Kucken a sot eis roueg Bescheed, wann der eng Iddee fir ee flotte Reportage hutt.

  • S2020E05 Emissioun vum 15.03.2020

    • March 15, 2020

    Sportlech Kanner, d'Buergbrennen zu Pëtten an de Wëllen um Enn vum Liewen, sinn eis ganz ënnerschiddlech Sujeten an der Emissioun vu Mëtt Mäerz. D'Kanner ganz fréi un de Sport eru féieren : dat ass d'Zil vu Fit Kanner Miersch, déi et elo schonn zanter 10 Joer ginn. Mir waren op der sportlecher Gebuertsdagsparty an hunn ënnert anerem mam President Michel Reiland, dem Coordinateur Steve Fischbach an natierlech och mat de jonke Sportler geschwat. De Wanter ass verbrannt, d'Fréijoer ka kommen. Wéi all Joer hunn op Buergsonndeg och vill Buergen an der Mierscher Gemeng gebrannt a mir hunn eis dës Kéier fir déi zu Pëtten entscheed. Ee méi eechte Sujet dann um Enn : Den Dout an d'Enn vum Liewen. Et ass net ëmmer einfach sech domatter auserneen ze setzen an awer sollt ee fréi driwwer nodenken, wat een selwer wëll, dass geschitt, wann een schwéier krank ass. D'Sozialkommissioun mam President Romain Miny an Omega 90 haten op eng Konferenz invitéiert.

  • S2020E06 Emissioun vum 31.03.2020

    • March 31, 2020

    Miersch TV kënnt dës Kéier puer Deeg éischter an dat aus Aktualitéitsgrënn : Déi aktuell sanitär Kris betrëfft eis all. Mir mussen, souwäit et méiglech ass, Doheem bleiwen. Och d'Gemenge si gefuerdert a maachen alles fir Iech, esou gutt et méiglech ass, duerch d'Corona-Kris ze hëllefen. An dëser Emissioun adresséiert de Buergermeeschter Michel Malherbe sech un d'Leit aus der Gemeng Mir kucken awer och zeréck op de Second-Hand vun de Jeunes Mamans Miersch, deen Uganks Màerz war Op d'Re-Organisatioun vum RGTR an den engleschsproochegen Theater komme mer dann an den nächsten Emissiounen zeréck. Passt op Iech op a bleift gesond !

  • S2020E07 Emissioun vum 15.04.2020

    • April 15, 2020

    Leider si mer nach ëmmer an der sanitärer Kris an all Manifestatioune sinn ofgesot. An dëser Kris hëlleft Administration communale de Mersch a vill aner Leit a Veräiner esou gutt et geet : Guiden a Scouten Miersch- Grupp St Michel gi vir déi vulnerabel Leit akafen. Mir ware mat an de Supermarché an an d'Apdikt a konnten eis iwwerzeege wéi glécklech déi betraffe Leit sinn, dass si esou gehollef kréien. Nach virun der Kris ass d'Reform vum RGTR Busreseau zu Miersch virgestallt ginn. Mir kucken op déi Versammlung mam Transportminister François Bausch zeréck. Bleift gesond a bleift doheem, da packe mer et zesummen.

  • S2020E08 Emissioun vum 30.04.2020

    • April 30, 2020

    D'Touriste-Saison huet ugefaangen…..oder besser gesot hätt ugefaangen, mä de Corona-Virus huet och do ee Stréch durch d’Rechnung gemeet. Mir waren eis d’Situatioun op de Camping Krounebierg - Syndicat d'Initiative et de Tourisme... ukucken. Een eidele Camping, deen drop waard endlech kënnen déi éischt Touriste fir dëst Joer ze begréissen. Nieft villen anere Manifestatiounen muss och déi traditionell Holzstee ofgesot ginn. Et gëtt awer trotzdem Holz aus de Mierscher Bëscher verkaf an zwar vum 4. Mee un. Wéi dat genee funktionéiert erkläre mer Iech an engem Reportage. An um Enn weise mer Iech nach Biller, déi d’Kanner aus der Mierscher Gemeng gemoolt hunn fir Merci ze soen a Courage ze wënschen.

  • S2020E09 Emissioun vum 15.05.2020

    • May 15, 2020

    Héije Besuch an ee Gemengerot op enger ongewinnter Plaz, sinn eis Sujeten dës Kéier bei Miersch TV. An enger Hal zu Miersch si Millioune Masken an aner wichteg Artikelen, fir an der Corona Kris ze hëllefen, stockéiert. De CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours mécht d'Verdeelung vun hei aus uechter d'ganzt Land. Wéi a wou dat geschitt huet och de Grand-Duc Henri intresséiert, dee fir eng kuerz Visit zu Miersch war. De Rittersall am Mierscher Schlass ass ze kleng fir déi néideg Distanze bei Gemengerots-Sëtzungen ze garantéieren. Dofir ass de Conseil elo schonn eng zweete Kéier bei den Noper, an d'Nic Welter Schoul, geplënnert. Miersch TV huet sech mat Vertrieder vun DP, CSV, Déi Gréng an LSAP iwwert d'Corona Kris ënnerhal. Bleift gesond !

  • S2020E10 Emissioun vum 31.05.2020

    • May 31, 2020

    Leider si jo den Ament nach ëmmer all Manifestatiounen ofgesot. Mir huelen Iech dës Kéier bei Miersch TV awer mat op een Theater Festival, deen nach esou ganz just virun der Corona-Kris war an als zweete Sujet weise mer Iech den Europadag. Een Europadag mat bësse gedréckter Stëmmung war et dëst Joer uechter dat ganzt Land, wëll eis Noperen gréisstendeels d'Grenzen zou gemeet haten. Eng kleng Feier gouf et dann awer zu Miersch. FEST, esou heescht de Festival vum engelschsproochegen Theater, deen nach esou just virun der sanitärer Kris am Kulturhaus zu Miersch war. Mir kucken op dee Festival mat senge villen engagéierte Jonken zeréck.

  • S2020E11 Emissioun vum 22.06.2020

    • June 22, 2020

    2020 ass net villes wéi gewinnt, och net den Nationalfeierdag. Do wou soss den 22. Juni gefeiert gëtt, op der Méchelsplaz, ass dëst Joer näischt lass. Mir kucken eng Kéier ganz kuerz zeréck op d’Feierlechkeeten 2019 an hunn och ee Message vum Buergermeeschter zum Nationalfeierdag 2020. Vun engem Dag op deen aneren gouf dat ëffentlecht Liewen zu Lëtzebuerg staark ofgebremst. Och an den nationalen Institutiounen, wéi dem Literaturarchiv zu Miersch. Mir hu mam Nach-Direkter iwwert d’Covid-19 Zäit a sengem Haus an awer och iwwert säin Départ geschwat. Merci fir d’Kucken!

  • S2020E12 Emissioun vum 30.06.2020

    • June 30, 2020

    D'Mierscher Musik huet drop gehalen fir op Nationalfeierdag awer op d'mannst d'Heemecht an d'Sonnerie Nationale ze spillen. Dofir war eng Zeremonie am ganz klenge Kader beim Schlass vun der Gemeng. Duerno huet d'Musik ee Concert am Park gespillt. Am Kulturhaus huet de Programm am Mäerz och misse vun engem Dag op deen anere gestoppt ginn. Mir hu mam Direkter Claude Mangen iwwert seng éischt Saison, déi hie sécher ni vergësst, an och iwwert d'Zukunft vum Kulturhaus, geschwat.

  • S2020E13 Emissioun vum 15.07.2020

    • July 15, 2020

    Miersch TV vum 15. Juli 2020 hëlt Iech mat an d’Geschäftswelt zu Miersch no Corona an och op den éischten Optrëtt vun der Mierscher Musek no der sanitärer Kris. Vun engem Dag op deen aneren ware Mëtt Mäerz bal alleguer d’Geschäfter zou. Patronen a Mataarbechter hunn ëm hier Zukunft gefaart. Mir ware mam President vum Mierscher Geschäftsverband, dem Raymond Lanners, een Tour duerch d’Mierscher Geschäfter maachen fir ze kucken wéi ënnert anerem Optique Schaefers, Elecars Voitures, Hoffmann-Thill, Hoffmann Frères Electris, Hostellerie Val Fleuri a Paul Schaal & Fils duerch d’Kris komm sinn. Lues, ganz lues kënnt och erëm Liewen an d’Veräiner. Déi Mierscher Musek ass Mëtt Juni virum Blannenheem opgetrueden.

  • S2020E14 Emissioun vum 31.07.2020

    • July 31, 2020

    Miersch TV begleet Iech och duerch de Summer. Mir huelen Iech dës Kéier mat an d’Lieshaus nom Confinement an an de Park vu Miersch, wou der 4 bekannt Mierscher begéint. Covid-19 huet villes op d’Kopp gehäit an och déi Mierscher Bibliothéik, d’Lieshaus, huet missen eng Zäit zou maachen. Elo ass erëm op, och wann den Oflaf wéinst dem Virus bëssen anëscht ass. Zum Beispill mussen d’Bicher, wann se zeréck kommen, a Quarantän. Am Mierscher Park kënnt der neierdéngs eng Installatioun mat 5 Cube bewonneren an eppes bäi léieren. Hei kritt der 4 bekannt Mierscher Personnage virgestallt. D’Iddee koum vum Leader Lëtzebuerg West an ënnert anerem hunn och Schüler aus dem Mierscher LCD un dësem Projet mat geschafft. Denkt och elo drun Iech fir den "Tour du Duerf" un ze mellen. Méi Detailer fann der ënnert anerem op mersch.lu Merci fir d’Kucken an Deelen vun der Emissioun. Miersch TV ass den 31. August erëm fir Iech do. Ob Heiheem oder am Ausland : Eng schéi Vakanz!

  • S2020E15 Emissioun vum 31.08.2020

    • August 31, 2020

    Eis Summereditioun ass wéi gewinnt e bësse méi laang. Mir huelen Iech mat op zwee Chantieren, weisen Iech Pëtten a stellen Iech eng Stagiaire am Lieshaus fir. Méindes de 24. August 2020 fänkt de Chantier an der rue Grande-Duchesse Charlotte un. Wat bedeit dat? Wéini ass d'Strooss zou a wéini gëtt wou geschafft? Mir ginn Iech déi néideg Erklärungen. D'Administration communale de Mersch schafft permanent un der Drénkwaasserversuergung. Zum Beispill och ënnert der Strooss Richtung Schëndels. Miersch TV war e puer mol op de Chantier, Mir stellen Iech an den nächsten Emissiounen déi eenzel Dierfer aus der Gemeng Miersch fir. Den Ufank mécht den Zentrum vum Land, Pëtten, mat ënnert anerem sengem Schlass. An da stelle mer Iech nach eng jonk Stagiaire fir, déi Archivistik a Bibliothéikswiesen studéiert a viru kuerzem am Lieshaus ee Stage gemeet huet. Vill Spaass.

  • S2020E16 Emissioun vum 15.09.2020

    • September 15, 2020

    Miersch TV ass an der Emissioun vu Mëtt September ganz sportlech ënnerwee a mir stellen Iech eng weider Uertschaft aus der Gemeng Miersch vir : Den FC Marisca Miersch spillt zanter dëser Saison erëm an der zweethéchster Divisioun am Lëtzebuerger Football. Ee verdéngten Opstig och wann d’Saison net konnt fäerdeg gespillt an den Opstig net gefeiert ginn. Mir hu. mat deene Responsabelen zeréck an awer och no fir op déi nei Saison gekuckt. Nodeems mer am August d’Uertschaft Pëtten virgestallt haten, ass et elo u Miesdref mat senge ronn 350 Awunner. De Guy Pauly an den Henri Krier hunn eis duerch Miesdref begleet.

  • S2020E17 Emissioun vum 30.09.2020

    • September 30, 2020

    Déi sanitär Kris ass leider nach net eriwwer, mä e bëssen (nei) Normalitéit kënnt awer erëm an eist Sozial- a Veräinsliewen. Dat weise mer och an eiser Emissioun vun Enn September: Déi traditionell Randonnée du Centre konnt och an dësem spezielle “Corona-Joer” gefuer ginn, wann och ënner anere Bedingungen. Et ware ganz vill Leit um Depart an d’Wieder huet mat gespillt. Am Nomëtteg an Owes war ganz vill Animatioun am Park vu Miersch mam Jonn Happi a mam Jugendensembel vun der Mierscher Musek. Och am Kulturhaus ass an der Tëschenzäit erëm Liewen op der Bün. De Claude Mangen a seng Equipe hunn den neie Programm virgestallt. Mir maachen de Resumé ënnert anerem mat Ausschnëtter vun deem, wat Iech erwaart. 175’000 € hat den Télévie Zenter Miersch mat sengem President Abby Toussaint 2019 un den Télévie iwwerreecht. Nodeems alles ofgerechent an den definitive Bilan gemeet gouf, waren awer nach Suen iwwreg an déi krut d’Diane Wunsch vun RTL viru kuerzem iwwerreecht. Merci alle Mierscher.

  • S2020E18 Emissioun vum 15.10.2020

    • October 15, 2020

    Miersch TV stellt Iech an der Emissioun vu Mëtt Oktober 2020 den Handball vu Miersch vir a mir feieren een 100te Gebuertsdag. Den HBMersch75 spillt erëm an der héchster Divisioun am Lëtzebuerger Handball-Championnat. Mir waren um Heemmatch géint den Handball Esch ASBL dobäi. Et sinn den Ament keng einfach Zäiten. Och a virun allem vir eeler Leit. Dofir ass et eng besonnesch Freed een 100te Gebuertsdag ze feieren. d'Madamm Anne Bettendorf hat déi Chance viru kuerzem am Blannenheem zu Bierschbech an ënnert anerem d'Ministesch Corinne Cahen war komm fir ze gratuléieren. Merci dass der eis Emissioun kuckt a roueg och kommentéiert. Et wier och léif, wann der d'Emissioun géift weider deelen.

  • S2020E19 Emissioun vum 31.10.2020

    • October 31, 2020

    An der Emissioun vun Enn Oktober 2020 erënneren mer eis a mir gedenken : Den Affer vum zweete Weltkrich op der Journée de la Commémoration Nationale Dem Vicky Schaack, der landbekannter Wiertsfra vu Miersch, déi eis am Alter vun 101 Joer verlooss huet. Donieft huele mer Iech mat an déi klengsten Uertschaft aus der Gemeng Miersch, op Essen. Vill Spaass beim Kucken !

  • S2020E20 Emissioun vum 15.11.2020

    • November 15, 2020

    Wëllkomm zu Miersch. Och , oder grad an dëse méi schwéieren Zäiten huet d’Gemeng Miersch sech et net huele gelooss déi nei Awunner an der Gemeng ze begréissen. Nach esou just virun den neie, méi strenge, Reegelen, konnt dëst Fest, wann och bëssen anescht wéi soss, gefeiert ginn. Och d’Zeremonie fir d’Iwwerreechung vum Servais Präis am CNL war dëst Joer bëssen anescht. Et ware just 10 Leit zou gelooss. Et war awer wichteg och de Laureat vun 2020. de Francis Kirps, ze éieren. an deen huet dat ganzt mat sengem ganz speziellen a flotten Humor geholl. Merci fir d’Kucken an Merci fir d’Deele vun dëser Emissioun !

  • S2020E21 Emissioun vum 30.11.2020

    • November 30, 2020

    Beem, Bësch a Biereng, esou kann een d'Emissioun vu Miersch TV vum 30. November 2020 resuméieren. Fir d'éischt huele mer Iech mat an de Rollenger Bësch. Do gouf viru kuerzem den éischte Marteloscope aus dem Land vu Pro Silva ageweit. Mir erklären Iech am Reportage wat dee Marteloscope ass a vläicht kritt der jo och Loscht mam Tablet an de Bësch ze goen. Duerno stelle mer Iech dann d'Uertschaft Biereng vir. Zu Biereng wunnen eng 1'000 Leit an de Guy Paul an den Henri Krier ginn eis Informatiounen iwwer d'Geschicht, Veräiner an ee ganz spezielle Bam.

  • S2020E22 Emissioun vum 15.12.2020

    • December 15, 2020

    De Buergermeeschter an de Kleeschen sinn d'Inviteeën dës Kéier an der Emissioun. Mam Michel Malherbe kucke mer zeréck op ee ganzt aussergewéinlecht Joer 2020 an op déi vill Efforte vun der Administration communale de Mersch a vun de Leit. Och fir de Kleeschen war dëst Joer alles anescht. An trotzdeem wollt hien de Mierscher Kanner Merci soe fir hir Efforten dat ganzt Joer. Den hellege Mann war an der Nuecht an déi verschidde Gebaier vun der Mierscher Schoul an och nach mat den Duerfsieschter op Miesdref, Essen a Pëtten. Schéi Feierdeeg a bleift gesond !

  • S2020E23 Emissioun vum 31.12.2020

    • December 31, 2020

    De Countdown leeft. Nach e puer Stonnen, dann ass d’Joer 2020 eriwwer. Kee vun eis wäert dat Joer vergiessen. Mir kucken an der leschter Emissioun vum Joer nach eng Kéier op eis Reportagen zeréck. Nodeems et am Januar, Februar an Mäerz nach mat de gewinnte Fester a Manifestatiounen ugefaangen hat, gouf duerno quasi alles annuléiert an och an eisen Emissiounen war de Virus (leider) dacks de Sujet. Mir wënschen Iech elo vill Freed mat eisem Réckbléck op d’Joer 2020 a fir Iech an är Famillen a Frënn nëmmen dat allerbescht a virun allem Gesondheet am neie Joer.

Season 2021

  • S2021E01 Emissioun vum 15.01.2021

    • January 15, 2021

    Miersch kritt deemnächst am Zentrum eng nei Brasserie. Duerch d'Covid-19 Kris krut de Chantier vun der Brasserie "Beim Méchel" zwar ee liichte Retard, mä am Fréijoer soll et (hoffentlech) lass goen. De Schäffen- a Gemengerot war viru kuerzem op de Schantje kucken a Miersch TV war derbäi a m ier weisen Iech d'Reaktioune vu Michel Malherbe (DP), Abby Toussaint (CSV), Claude Adam (Déi Gréng) an Alex Kremer (LSAP). Zanter iwwer 600 Joer ginn et zu Miersch Brécken iwwert d'Uelzecht an d'Eisebunn. D'Mierscher Geschichtsfrënn hunn sech mat der Geschicht vun deene Brécke beschäftegt an hir Recherchen an engem flotte Buch mat Text vum Jeng Sinner a Fotoe vun Henri Krier an Nico Lucas dokumentéiert. Mir hu mat Auteur a Fotograf iwwert d'laang Brécke geschwat. An um Enn sprange mer dann nach eng Kéier op Hellegowend 2020, wou den Deche Felix Steichen, mat enger Partie anere Leit a ville Kanner d'Krëpp bei d'Leit Heem bruecht huet.

  • S2021E02 Emissioun vum 31.01.2021

    • January 31, 2021

    Déi nei Maison Relais um Krounebierg an d'Uertschaft Schëndels. Um Krounebierg, direkt nieft der Cecile Ries Schoul, steet déi nei Maison Relais. De Schäffen- a Gemengerot war viru kuerzem deen neie Bau kucken. An der Serie iwwert d'Uertschaften aus der Gemeng Miersch stelle mer Iech dës Kéier Schëndels fir mat ënnert anerem dem Schlass an de Mamerleeën. Vill Spaass beim Kucken !

  • S2021E03 Emissioun vum 15.02.2021

    • February 15, 2021

    Mir huelen Iech dës Kéier mat an d'Schwemm um Krounebierg an an den Office Social. D'Mierscher Schwemm ass den Ament op, allerdéngs muss een am Viraus reservéieren. Wéi waren déi lescht 12 Méint um Krounebierg? Wat ass erlaabt, wat net? A wéi geet et weider? Doriwwer hu mer mam Annette Stempels, der Gestionnaire vun der Schwemm, geschwat. Den Office Social, fréier den Aarmebüro, ass net just do fir Leit déi finanziell schlecht dru sinn ënnert d'Ärem ze gräifen. Hei ka jiddereen, deen an enger méi schwiereger Situatioun ass, sech berode loossen. Mir stellen Iech den Office Social a seng ganz vill Aufgabe beräicher fir. Merci fir d'Nokucken!

  • S2021E04 Emissioun vum 28.02.2021

    • February 28, 2021

    Traditiounen héich halen an Hoffnung duerch d'Impfung sinn eis Sujeten an der Emissioun vun Enn Februar 2021. D'Amicale vun de Schëndelsser Pompjeeë wollt och an dëser méi schwiereger Zäit net op déi flott Traditioun vum Buergbrenne verzichten. Wéi een trotz Pandemie awer ka feieren an natierlech d'Mesuren anhale weise mer Iech an eisem éischte Reportage. Opootmen am Altersheem zu Miersch : Mëtt Februar sinn d'Bewunner endlech geimpft ginn an hunn elo Hoffnung, dass si erëm méi Fräiheete kréien. Mir hu mat de Pensionnairen, dem Direkter aus dem HPPA René Wirth an och mat engem Dokter iwwert d'Impfunge geschwat. Miersch TV wënscht Vill Freed beim Kucke vun der Emissioun !

  • S2021E05 Emissioun vum 15.03.2021

    • March 15, 2021

    Eng nei Informatiounsquell an d'Jugend an der Corona-Pandemie sinn eis Sujeten an der Emissioun vu Mëtt Mäerz. D'Gemeng Miersch huet elo hir eegen App fir de Smartphone. Do fann der eng Hellewull un Informatiounen. Zum Beispill vergiess der elo net méi är Poubelle eraus ze stellen, dir wësst wéini de Bus kënnt an ob nach Parkplaze fräi sinn. Ee Joer laang kënnen déi Jonk elo hir Jugend net esou liewe wéi si sech dat virgestallt hunn. Ee Joer laang mat Restriktiounen. Wéi erliewen si dat? Dat hu mer am Jugendhaus nogefrot.

  • S2021E06 Emissioun vum 31.03.2021

    • March 31, 2021

    Eng international Schoul fir Miersch an d'Gesanksveräiner an der Corona-Kris sinn eis Sujeten Enn Mäerz 2021. Aus der Haushaltungsschoul, dem Lycée Technique matten a Miersch, gouf 1996 eng Annexe vum Dikrecher Kolléisch. Dat Gebai gëtt zanter gutt 2 Joer komplett renovéiert a kritt eng nei Bestëmmung : Miersch kritt eng international Schoul. Mir stellen Iech d'EIMAB vir. D'Gesanksveräiner hunn et zanter engem Joer ganz schwéier fir ze prouwen an an der Kierch ze sangen. Mir hunn zwee Chéier begleet, déi no enger laanger Paus, elo erëm méi aktiv sinn. Merci fir d'Kucken a Merci fir all Feedback, Kritik, flott Iddien fir Reportagen.

  • S2021E07 Emissioun vum 15.04.2021

    • April 15, 2021

    D'Naturbotz an der Gemeng an den 20te Gebuertsdag vun den RMVA sinn eis Sujete Mëtt Abrëll. No engem Joer Paus wéinst der Pandemie, war dëst Joer erëm eng Naturbotz an der Mierscher Gemeng. Natierlech goufen déi sanitär Reegele strikt agehalen a leider war de Patt an de Grill duerno um Camping nach net méiglech. D'nächst Joer dann awer hoffentlech erëm. Virun 20 Joer sinn d'Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette (RMVA) ënnert dem Impuls vum Rosch Mirkes an d'Liewe geruff ginn. Am Mäerz gouf dee Gebuertsdag am Mierscher Kulturhaus gefeiert. Wéinst de Pandemie natierlech och am klenge Krees. Vill Spaass beim Kucken !

  • S2021E08 Emissioun vum 30.04.2021

    • April 30, 2021

    An dëser Emissioun sprange mer fir d'éischt iwwer 57 Joer zeréck, a kucke wéi d'Nic Welter Schoul am Zentrum vu Miersch ageweit gouf, an duerno kucke mer, wéi se iwwert déi lescht Wochen a Méint, zesumme mam Albert Elsen Gebai an dem Parsall erëm ofgerappt gouf. Vill Biller, Vill Erënnerungen. Merci der Famill Laux an dem Nico Lucas fir de Film vun 1964. Merci dem Henri Krier fir een Deel vun de Biller. An d'nächst Joer wäert dann eng nei Schoul um Site entstoen. Mä dozou méi an enger spéiderer Emissioun vu Miersch TV. Merci fir d'Kucken a wéi ëmmer wiere mer ganz dankbar, wann der d'Sendung weider géift deelen.

  • S2021E09 Emissioun vum 15.05.2021

    • May 15, 2021

    Déi zukünfteg europäesch Schoul vu Miersch, den nach LCD, hat fir den Europadag ee flotte Rallye fir 150 Schüler am Mierscher Park organiséiert. Lëtzebuerg-Europa via Miersch ass de Motto vum Projet d'établissement a mir hu mat de Responsabelen Carole Ney a Bernard Bram geschwat. Den TC Miersch huet een neien Ulaf geholl. Net nëmmen am renovéierte Chalet ass erëm méi Liewen, mä och a virun allem um Terrain. Miersch TV war rezent op d'Porte Ouverte an der Wisestrooss. Vill Spaass beim Kucken!

  • S2021E10 Emissioun vum 31.05.2021

    • May 31, 2021

    Et kënnt erëm esou lues mä sécher méi Beweegung an eist soziaalt Liewen. Dat gesi mer esou wuel an eisem éischte Reportage wéi och am Agenda. D'Mierscher Theaterdeeg sinn eng ganz nei Initiative vum Mierscher Kulturhaus zesumme mam CNL, dem nationale Literaturarchiv. 4 Deeg laang stounge virun allem d'Auteuren am Mëttelpunkt an dat am Kulturhaus, mä och dobaussen. Am zweete Reportage stelle mer Iech d'ALJ fir. Déi lokal Antenne vum SNJ ënnerstëtzen déi Jonk beim Iwwergank vun der Schoul an d'Beruffsliewen. Eng vun den 11 Antennen ass zu Miersch. Um Enn huele mer Iech nach kuerz mat op de Camping an invitéieren op de Maart vum Gaart an Heem Biereng de 5. Juni. Vill Spaass beim Kucken a bis geschwënn zu Miersch.

  • S2021E11 Emissioun vum 15.06.2021

    • June 15, 2021

    Net 5 mol Biereng, mä 2 mol Biereng heescht et an dëser Emissioun Mir waren endlech emol erëm um Maart zu Biereng, deen och wéinst Covid-19 eng Paus vun engem Joer gemaach hat. Beim Gaart an Heem vu Biereng um Maart fënnt een net nëmme frësch Produite mä och nach Gespréich a Gesellegkeet. Zu Biereng steet awer och eng grouss Kläranlag an dohinner huele mer Iech an eisem zweete Reportage mat. Mir erklären de Fonctionnement a schwätzen och mat de Responsabele vum SIDERO iwwert dëse Syndikat. Miersch TV wënscht Iech ee schéinen Nationalfeierdag, leider nach ouni grousst Fest, mä awer mat Te Deum an Usprooch vum Buergermeeschter den 22. Juni 2021.

  • S2021E12 Emissioun vum 30.06.2021

    • June 30, 2021

    Dem Grand-Duc säi Gebuertsdag an der Grande-Duchesse Charlotte hir Strooss zu Miersch sinn eis Themen Enn Juni. Och 2021 konnt eisen Nationalfeierdag nach net esou gefeiert ginn, wéi mir dat gewinnt sinn. Zu Miersch war awer den offiziellen Deel mat Cortège, Te Deum a Usprooch vum Buergermeeschter op der Méchelsplaz. Leider war déi gewinnte Party nach net méiglech. 2022 dann awer...... D'Rue Grande-Duchesse Charlotte gëtt zanter bal engem Joer nei amenagéiert. Miersch TV war emol kucken wou d'Aarbechten dru sinn a virun allem och ob se wéi geplangt am Hierscht (Oktober) fäerdeg ginn. Merci fir d'Nokucken !

  • S2021E13 Emissioun vum 15.07.2021

    • July 15, 2021

    Mat der Mierscher Grondschoul ware mer mat 200 Kanner an de Park op den Outdoor-Schoulsportdag. De Jeff Elcheroth a seng Kolleegen hunn sech vill Aarbecht gemaach fir 21 Atelieren op d'Been ze stellen. Déi méi grouss Schüler vu Miersch, aus dem LCD an och aus dem LTETT, hunn zesumme mam Leader West an dem Kulturhaus ganz speziell Gäert beim Kulturhaus amenagéiert a Miersch TV war bei der Aweiung derbäi. De Claude Mangen, Pascale Defays an d'Christiane Eicher-Karier waren déck zefridden, dass de Projet, deen u sech méi grouss sollt ausfalen, net ganz an der Pandemie gestuerwen ass.

  • S2021E14 Emissioun vum 31.07.2021

    • July 31, 2021

    Puer ganz schwéier Woche leien hannert ville Mierscher Awunner. D'Héichwaasser huet vun engem Moment op deen anere Villes zerstéiert. Mir weisen Iech fir den Ufank vun eiser Emissioun puer Dronenopname vum Henri Krier, déi den Ausmooss vun der Katastroph illustréieren. Am zweete Reportage stelle mer Iech den ORT Guttland vir, dee säi Sëtz zu Miersch huet a fir déi touristesch Vermaartung vun der Regioun Zentrum/Westen zoustänneg ass. Dat ganzt Personal stoung eis Ried an Äntwert. An um Enn weise mer Iech nach d'Club-Championnat vum Mierscher Turnveräin. D'Lindsay Kelly a seng Kolleegen a Kolleeginnen haten et net einfach, wëll scho kuerz no der Grënnung Enn 2019, koum d'Pandemie. Si hunn net opginn a mëttlerweil eng 150 Memberen. Miersch TV kënnt elo fir d'nächst den 31. August 2021. Mir wënschen Iech eng schéi Vakanz, ee flotte Summer a bleift gesond.

  • S2021E15 Emissioun vum 31.08.2021

    • August 31, 2021

    Endlech mam Vëlo sécher vu Miersch op Schëndels. De Service de Regie am Asaz fir d'Bierger. A Sprooche léieren zu Miersch. Dat sinn eis Sujeten an der Summer-Emissioun vu Miersch TV.

  • S2021E16 Emissioun vum 15.09.2021

    • September 15, 2021

    D’Schoulvakanz hat mat enger Naturkatastroph ugefaangen. Grouss Deeler vu Miersch an den Dierfer ronderëm ware vun den Iwwerschwemmungen uerg getraff ginn. Mir kucken zeréck op dat wat geschitt ass, maache mam Buergermeeschter Michel Malherbe, dem Daniel Dallo vum Service Technique an dem Daniel Marques vum CGDIS CIS Miersch de Bilan, mä kucken awer och no vir, wat een an Zukunft kéint anescht oder besser maachen. Donieft hu mer awer och Biller vun de leschte groussen Iwwerschwemmungen zu Miersch am Joer 1993. Merci dem Nico Lucas dofir an dem Henri Krier fir d’Biller vun den Iwwerschwemmungen 2021. Si brauchen d’Baachen an d’Flëss fir hirem Hobby no ze goen : d’Fraen a Männer, d’Jongen an d’Meedercher aus dem Fëscherveräi vu Miersch. Dee Club gëtt et elo scho 75 Joer an dat gouf natierlech gefeiert. Mä virdru ware mer awer emol mat hinne fëschen. Merci fir ären Interessi a Merci fir d’Deele vun dëser Emissioun !

  • S2021E17 Emissioun vum 30.09.2021

    • September 30, 2021

    Den Eenelter Maart zu Recken ass erëm do an Är Meenung ass gefrot! D'Kommunikatioun ass ëmmer an iwwerall ëmmer méi wichteg. Et ginn och ëmmer méi verschidde Mëttele fir ze kommunikéieren, digital oder och traditionell op Pabeier zum Beispill. Wat hal dir vun der Kommunikatioun vun der Mierscher Gemeng ? Sot eis et a maacht mat beim Sondage. Mir si gespaant och wéi Miersch TV dobäi ofschneit. Zu eisem Beräich vun der Kommunikatioun gehéiert jo och d'Liewen an de Veräiner an do si mer ganz frou, dass et erëm méi Fester a Manifestatioun ginn. Eent vun de groussen Evenementer ass den Eenelter Maart vum Dëschtennis Recken-Miersch an dee war erëm Ufank September a mir waren natierlech mat der Kamera derbäi. Vill Spaass beim Kucken an deelt d'Emissioun roueg weider! Ee grousse Merci am Viraus!

  • S2021E18 Emissioun vum 15.10.2021

    • October 15, 2021

    3 mol Vëlo gëtt et an dëser Emissioun vu Miersch TV: Et ass schonn Traditioun, dass den Tour de Luxembourg den Depart vun de leschter Etapp zu Miersch hëlt. De Buergermeeschter Michael Malherbe huet den Depart ginn an den Direkter vum Tour, Andy Schleck war ganz zefridde mat der Organisatioun vun der Gemeng. Bësse méi gemittlech a relax ass et bei der Randonnée du Centre. Do sinn d'Cycliste wéinst der Pandemie no an no gestart an hunn déi 40 respektiv 80 km gemeeschtert. Den Henri Krier war wéi gewinnt un der Spëtzt vun der Organisatioun a stellt eis säin Team vir an hëlt eis mat op de Ravi. An um Enn rulle mer dann och nach beim TOW, dem Taste on Wheels, mat. Deen ass vun de Bridder Lex a Laurent Reichling organiséiert. Iwwer 100 Coureuren si fir de gudden Zweck vu Miersch aus eng 100 km op Diddeleng, Déifferdeng an zeréck op Miersch gefuer. Eng sportlech Editioun vu Miersch TV also de 15. Oktober 2021. Ee grousse Merci fir d'Kucken. Bleift gesond a monter !

  • S2021E19 Emissioun vum 31.10.2021

    • October 31, 2021

    Mir gedenken den Affer vum zweete Weltkrich an komme mam Staatsminister an der Inneministerin nach eng Kéier zeréck op d'Iwwerschwemmunge vum Juli 2021. Den nationale Commemoratiouns-Dag ass zu Miersch ëmmer eppes ganz Aussergewéinleches. Et ass keng Zeremonie wéi soss uechter d'Land mä den Deche Felix Steichen an den Erny Kohn ginn den Affer ee konkret Gesiicht an dat och dëst Joer erëm an engem Film vum Kevin Kohn, dee speziell fir dës Geleeënheet gedréit gouf. D'Schied vun den Iwwerschwemmunge vum Juli 2021 si gréisstendeels net méi ze gesinn, vill Leit hunn awer nach mat den Nowéien an notamment de finanzielle Suite ze kämpfen. De Staatsminister Xavier Bettel an d'Inneministerin Taina Bofferding hunn sech zu Miersch nach eng Kéier ee Bild vun der Situatioun gemaach, ënnert anerem beim CGDIS, CIS Miersch. Merci fir d'Kucken an Deelen vun der Emissioun !

  • S2021E20 Emissioun vum 15.11.2021

    • November 15, 2021

    Miersch huet zanter e puer Méint iwwer 10'000 Awunner. Déi nei Awunner ginn traditionell op enger Soirée am Oktober Wëllkomm geheescht an do stellen och d'Veräiner an Institutiounen sech vir. Natierlech gëtt et och ee Patt an ee Maufel. Eng flott Soirée an déi nei Awunner fillen sech zu Miersch elo nach méi doheem. An der Wisestrooss zu Miersch steet zanter kuerzem ee risege Ballon. Dat ass déi nei opblosbar Tennis-Hal. Miersch TV war derbäi, wéi se opgeriicht ginn ass an dir kritt am Reportage all Informatiounen iwwert dës ganz speziell Tennis-Hal vum TC Miersch. An dann erënnere mer och nach eng Kéier un d'Ëmfro iwwert d'Kommunikatioun. Merci dofir an no engem Joer Pandemie-Paus ass endlech och erëm de Mierscher Chrëschtmaart. Reservéiert Iech de 27. an den 28. November an da gesi mer eis alleguer op engem flotte Fest um Mierscher Chrëschtmaart.

  • S2021E21 Emissioun vum 30.11.2021

    • November 30, 2021

    Den Dag vum Bam an d'Kleederstuff zu Miersch sinn eis Sujeten Enn November bei Miersch TV. Zu Biereng, net wäit vun der Hal Irbicht steet zanter kuerzem een neie Bam an eng nei Bänk. Dëse Bam ass fir d'Kanner, déi 2020 gebuer goufen. Et ass schonn eng Traditioun, dass d'Gemeng um Dag vum Bam den Neigebuerenen eng Plaz an der Gemeng reservéiert. Och dës Joer waren erëm vill Eltere mat hire Kanner komm, fir hire Bam mat ze planzen. Et muss net ëmmer nei sinn. Och gebrauchte Kleeder sinn dacks nach vu ganz gudder Qualitéit an an der Mierscher Kleederstuff dobäi och nach extrem bëlleg. Mir stellen Iech d'Kleederstuff vir an dir kënnt gären och emol Donneschdes Mëttes dohinner akafe goen. Merci fir d'Nokucken an Deele vun eiser Emissioun an de 15. Dezember weise mer Iech flott Biller vum Mierscher Chrëschtmaart.

  • S2021E22 Emissioun vum 15.12.2021

    • December 15, 2021

    Endlech: De Chrëschtmaart ass erëm zeréck zu Miersch. No engem Joer Paus, war d'Méchelsplaz dëst Joer erëm voll mat flotte Chrëschtkaddoen, Iessen an Drénken a gudder Stëmmung. Op der Méchelsplaz fält dëst Joer besonnesch deen imposante Chrëschtbeemchen op. Mir weisen Iech wou deen hir kënnt. Den Henri Krier huet e vun Iewerleng bis Miersch mat der Kamera suivéiert. Miersch TV wënscht Iech an äre Léifsten schéi Feierdeeg a passt op Iech op.

  • S2021E23 Emissioun vum 31.12.2021

    • December 31, 2021

    Dat war et dann esou gutt wéi fir 2021. Um leschten Dag vum Joer kucke mer wéi der dat bei Miersch TV gewinnt sidd, zeréck op déi lescht 12 Méint. Trotz Pandemie war awer vill lass an der Gemeng. Et gouf vill geschafft an och d'Veräiner waren esou aktiv wéi et ebe méiglech war. Ee Joer am Réckbléck, dat bedeit natierlech och, dass eis Emissioun dës Kéier méi laang ass. Genéisst déi flott Momenter nach eng Kéier an ech hoffe mir gesinn eis alleguer 2022 bei beschter Gesondheet erëm an och wa mer dat virun 12 Méint scho gemengt haten, gi mer d'Hoffnung net op, dass mer de Virus dann awer dat nächst Joer lass ginn. Bis geschwënn, Feiert gutt a passt op Iech an op déi Aner op !

Season 2022

  • S2022E01 Emissioun vum 15.01.2022

    • January 15, 2022

    Réck- an Ausbléck am Buergermeeschter an ee Krëppespill "On Tour" sinn eis éischt Sujeten am Joer 2022: Mir hu kuerz virum Joreswiessel mam Buergermeeschter nach eng Kéier op d'Joer 2021 zeréck gekuckt, ee Joer mat Pandemie an Iwwerschwemmungen. Mir hu mam Michel Malherbe awer och op d'Pläng a Projete vun der Gemeng fir 2022 beliicht. Ee bësse méi speziellt Krëppespill weise mer Iech dann am zweete Reportage. Mat enger mobiller Bün goung et iwwer puer Statiounen duerch Miersch. Den Deche Felix Steichen a seng Ekipp haten sech vill Aarbecht gemaach an d'Resultat léist sech weisen. Miersch TV a Local Lux TV wënschen Iech all ee schéint, glécklecht a gesond neit Joer 2022 !

  • S2022E02 Emissioun vum 31.01.2022

    • January 30, 2022

    Covid-Check am Kulturhaus an d'Duerf Recken sinn eis Sujeten Enn Januar an eiser Emissioun: D'Kulturhaus huet déi lescht Zäit definitiv keng Chance. Bei d'Corona Mesure koum am Summer dunn nach een enorme Schued duerch d'Iwwerschwemmungen derbäi. Elo leeft de Programm awer erëm normal, also esou normal, wéi et an dësen Zäite méiglech ass. Mir waren op de "Lidderflupp" mam Georges Urwald, Deborah Marinkovic a Martin Elmquist a weisen Iech ee flotte Concert a Covid-Zäiten. Am zweete Reportage huele mer Iech mat op Recken. Dës Uertschaft huet vill ze bidden, ënnert anerem de Menhir, ee Schlass, d'Eenelter Kapell an ee ganz aktive Veräin. Merci eise Guidë Guy Pauly, Henri Krier, an Norbert Quintus.

  • S2022E03 Emissioun vum 15.02.2022

    • February 15, 2022

    An der Emissioun vu Mëtt Februar stelle mer Iech ee Mann vir, dee schonn zanter 40 Joer d'Liewen aus der Gemeng Miersch an Toun a Bild festhält. Den Nico Lucas hëlt eis mat a säi Studio a weist eis d'Entwécklung vun der Film- a Videotechnik zanter 1982. Am zweete Reportage ware mer bei ee Veräin, deen zanter 2 Joer net méi senger gewinnter Aktivitéit nogoe kann : Déi Pëttener Theaterfrënn hunn och 2022 hir Virstellunge wéinst der Pandemie missen ofsoen. Merci fir d'Kucken an Deelen !

  • S2022E04 Emissioun vum 28.02.2022

    • February 28, 2022

    "Si hëllefen" : Esou kéint een d'Emissioun vun Enn Februar 2022 iwwerschreiwen: Fir d'éischt stelle mer Iech mam Zenterchef vum CIS Miersch deen neie Won vum CGDIS vir, deen zanter bal engem Joer och bei Verkéiersaccidenter an den Asaz kënnt. D'Ekipp vum CIS Miersch huet dofir een Accident mat enger ageklemmter Persoun simuléiert. Hëllef ass och d'Haaptzil vun der Stëmm vun der Strooss. Si hëllefen a ganz ënnerschiddleche Situatiounen. An der Mierscher Gemeng hunn se ee Post-Therapie Zenter zu Schëndels. Mir hunn ënnert anerem mat zwee Betraffene geschwat, déi jorelaang an der Drogenzeen dra waren an sech zu Schëndels op d'Liewen ouni Droge preparéieren. Merci fir d'Kucken an ee grousse Merci och wann dir d'Emissioun géift weider deelen !

  • S2022E05 Emissioun vum 15.03.2022

    • March 15, 2022

    D'Fréijoer steet virun der Dier. Mir hunn de Wanter viru kuerzem um Buergbrenne verbrannt. Miersch TV war zu Biereng derbäi, awer net nëmmen Owes, wéi d'Buerg gebrannt gouf, mä och bei de Preparative vun Ophiewen, iwwer Ierbsebulli kachen, Buerg bannen an da Brennen. An dann huele mer Iech nach mat an déi nei Brasserie. "Beim Méchel" ass zanter Uganks Mäerz op. Et hat nawell laang gedauert bis dëse Projet vun der Gemeng fäerdeg war, mä d'Resultat léist sech wierklech weisen. Vill Spaass beim Kucken !

  • S2022E06 Emissioun vum 31.03.2022

    • March 31, 2022

    Miersch ass eng Gemeng mat vill Natur, mat ganz ville Bëscher. Leider gëtt déi Natur awer net ëmmer respektéiert a vill Knascht einfach an der Natur entsuergt. Fir ze Botzen an awer och fir ze sensibiliséieren organiséiert de Syndicat d'Initiative all Joer eng Naturbotz a bei herrlechem Wieder ware ronn 150 Leit um Rendezvous. Am zweete Reportage presentéiere mer Iech een Deel vun de Resultater vun der Ëmfro iwwer d'Kommunikatioun an der Gemeng Miersch. De Prozess ass awer nach net ganz ofgeschloss. Dir kënnt deemnächst op Workshoppe mat diskutéieren a Propose maachen. Um Enn dann nach eisen Agenda a schonn e puer Andréck vum Concert fir d'Ukrain vun de "Singers Unlimited and Friends". Méi dozou awer och an eiser nächster Emissioun de 15. Abrëll 2022. Merci fir d'Kucken !

  • S2022E07 Emissioun vum 15.04.2022

    • April 15, 2022

    Uechter d'ganzt Land an natierlech och zu Miersch weisen d'Leit sech zanter Woche solidaresch mat de Mënschen an der Ukrain. Enn Mäerz haten den Jimmy Wagner a Ricardo Vieira mat de Singers Unlimited and Friends op ee flotte Concert an de Park zu Miersch invitéiert. Ganz vill Leit ware komm an déi hunn um Enn 4'300 € fir d'Mënschen am Misär gespent. Ee grousse Merci dofir ! Am zweete Reportage huele mer Iech mat op d'Energiezentral zu Miersch a schwätzen do mat deene Responsabelen iwwert de Service Ecologique vun der Gemeng. Merci fir d'Nokucken an Deele vun der Emissioun !

  • S2022E08 Emissioun vum 30.04.2022

    • April 30, 2022

    An der Emissioun vun Enn Abrëll 2022 dréint sech alles ronderëm d'Buch a Kultur D'Librairie Ernster huet am Hierscht hiren 10te Buttek opgemaach an huet dëst neit Geschäft um Mierscherbierg am Topaze dann och elo endlech offiziell an a Presenz vu villen Invitéeë konnten aweien. Am zweete Reportage schloe mer d'Theaterbicher op. Viru kuerzem war erëm de FEST (Festival of English Language School Theatre) am Mierscher Kulturhaus. Schüler spillen do Theater an der Sprooch vum Shakespeare an dat mat vill Engagement an Erfolleg.

  • S2022E09 Emissioun vum 15.05.2022

    • May 15, 2022

    No engem Joer Pandemie-Paus konnt endlech erëm eng Seniorefeier vun der Mierscher Gemeng organiséiert ginn. Et war ee flotten Nomëtteg mat guddem Iessen, flotte Gespréicher an engem Tour op der Danzpist. Den drëtten Alter war ganz zefridden, dass och si endlech erëm ee groussen Deel vum gesellschaftleche Liewen zeréck hunn. Wann de Jérôme Allard vun der Mierscher Gemeng : "Fir d'éischt, fir d'zweet a fir d'drëtt" duerch d'Mierscher Bëscher rifft, dann ass erëm Zäit fir d'Holzstee. 50 Kouerte koumen ënnert den Hummer, oder ënnert dem Jérôme säi Bengel. D'Gemeng hält déi Suen awer net selwer mä gëtt se un de Kiwanis Club Uelzechtdall, deen se am Kader vu senge Projete fir d'Affer vum Krich an der Ukrain weider gëtt.

  • S2022E10 Emissioun vum 31.05.2022

    • May 31, 2022

    Europa liewen, dat ass Alldag an der EIMAB, der neier internationaler Schoul zu Miersch. Europa spilleresch erliewen an nach dobäi léieren, dat war d'Zil vum Europa-Rallye virum Europadag am Mierscher Park. An nom Rallye an engem Picknick um Site vun der Schoul, krut d'EIMAB och nach de Fairtrade Label vu Fairtrade Lëtzebuerg iwwerreecht. D'Mierscher Gare ass schonn zanter enger Zäit amgaangen hiert Gesiicht ze änneren. D'Busgare ass scho ganz nei an un der Zuchgare, de Gleiser an de Quaie gëtt nach geschafft. An da kënnt jo och nach ee Parkhaus derbäi. Miersch TV huet d'Detailer iwwer dëse Schantjen. Merci dass der Miersch TV kuckt a ganz léif wier et, wann der d'Emissioun och kéint deelen !

  • S2022E11 Emissioun vum 15.06.2022

    • June 15, 2022

    Ganz sportlech si mer Mëtt Juni ënnerwee: Am éischte Reportage huele mer Iech mat op d'Éierung vun de beschte Sportler aus der Gemeng vun de Saisonen 2019-2020 an 2020-2021. D'Presidentin vun der Sportskommissioun vun der Gemeng, d'Carmen Kohnen konnt 25 Eenzelsportler a 27 Ekippen hir Medailen iwwerreechen. De Stärentour, deen Elterevertrieder vu Miersch organiséiert hate war keng sportlech Competitioun, dofir awer eng flott Iddi fir de Kanner ze weise wéi einfach a flott ee mam Vëlo an d'Schoul kënnt. Vun iwwerall aus der Gemeng sinn d'Kanner op de Krounebierg gefuer. A sportlech geet et och Enn Juni weider, da mat der "Nuit des sports" a mir hunn dann och d'Biller vun Nationalfeierdag, wou der häerzlech invitéiert sidd, den 22. Juni 2022.

  • S2022E12 Emissioun vum 30.06.2022

    • June 30, 2022

    Ee Fest, wat endlech erëm do ass, an een neit Fest presentéiere mer Iech an dëser Emissioun: Endlech konnt erëm Nationalfeierdag esou richteg gefeiert ginn an dat kënnen se zu Miersch. Mir huelen Iech mat an de Cortège, den Te Deum an op dat grousst Volleksfest op der Méchelsplaz. Miersch huet ënnert dem Impuls vu Fit Kanner Miersch eng éischte Kéier bei der "Nuit du sport" mat gemaach an dat war ee risegroussen Erfolleg. Op e sëllegen Ateliere konnt een déi verschidde Sportaarten ausprobéieren an och emol ganz neier entdecken. Vergiesst net de Festival "Mir si Miersch" den 9ten an 10te Juli a mir gesinn eis da Mëtt Juli zeréck. Merci fir d'Kucken !

  • S2022E13 Emissioun vum 15.07.2022

    • July 15, 2022

    D'Wieder hat et Enn Juni net all ze gutt mat den Organisateure vun der Braderie an dem Summerfest am Mierscher Kannerduerf gemengt an awer ware vill Leit op déi zwou Manifestatioune komm. Souwuel d'Geschäftsleit vu Miersch, wéi och déi Responsabel aus dem Kannerduerf ware frou, dass se no 2 Joer Pandemie-Paus endlech erëm konnten hir gewinnte Fester organiséieren. Bei beschtem Wieder ass déi éischt Editioun vu "Mir si Miersch" iwwert d'Bün gaangen. Mir stëmmen Iech e bëssen op de Festival an a weisen Iech ee méi komplette Reportage an eiser Emissioun vun Enn Juli. Vill Spaass beim Kucken !

  • S2022E14 Emissioun vum 31.07.2022

    • July 31, 2022

    ENDLECH ! Esou kann een d'Emissioun vum 31.07.2022 vu Miersch TV iwwerschreiwen: Nodeems schonn 2019 um Festival "Mir si Miersch" geplangt gouf an d'Pandemie dat Event 2020 gestoppt hat, konnt elo ENDLECH déi éischt Editioun iwwert d'Bün goen. Mir hu mat engem vu den Organisateuren, dem Marvin Caldarella Weis, an den zwee Museker Ricardo Vieira a Serger Tonnar geschwat. ENDLECH konnt da viru kuerzem och déi offiziell Ouverture vum ATP Atelier Licorne gefeiert ginn. Dat Geschäft matten a Miersch hat schonn 2021 eng éischte Kéier opgemaach, gouf awer du kuerz drop och uerg vun den Iwwerschwemmunge getraff. Fir d'Ouverture war ënnert anerem och d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert op der Plaz. Miersch TV ass den 31. August erëm fir Iech do. Ee schéine Summer, bleift gesond a monter a bis geschwënn !

  • S2022E15 Emissioun vum 31.08.2022

    • August 31, 2022

    Nach 2 Wochen, dann ass d'Schoulvakanz schonn erëm eriwwer. Mir huelen Iech an eiser Vakanzen-Editioun vu Miersch TV mat an d'SOS Kannerduerf zu Miersch a mir kommen op eng ganz flott Manifestatioun vum Juli zeréck : D'Schlassfest zu Schëndels. Vill Spaass beim Kucken a bis de 15. September !

  • S2022E16 Emissioun vum 15.09.2022

    • September 15, 2022

    Fir déi eng ass d'Vakanz eriwwer, an et heescht nees an d'Schoul, op d'Schaff, fir déi aner geet et an d'Pensioun. De Claude Adam vun Déi Gréng huet no ronn 23 Joer déi politesch Pensioun am Mierscher Gemengerot geholl a mir hu mat him op déi laang Zäit am Déngscht vum Bierger zeréck gekuckt. Mam Guy Pauly, Henri Krier an dem Kënschtler Serge Weis geet et duerno op Rolleng. Déi 3 stellen eis dës zweetgréisst Uertschaft aus der Gemeng Miersch am Detail vir. Um Enn nach de Bléck an den Agenda mat do haaptsächlech der NEIER KIERMES zu Miersch. Loosst iech iwwerraschen a verpasst se net de Weekend vum 23.09-25.09 op der Méchelsplaz. Merci fir d'Kucken !

  • S2022E17 Emissioun vum 30.09.2022

    • September 30, 2022

    De September war gutt gefëllt am Manifestatiounskalenner vun der Gemeng Miersch. Mir huelen Iech an der Emissioun vun Enn September mat op zwee Eventer, déi op engem Dag waren : Deen Eenelter Maart zitt traditionell ganz vill Leit aus dem ganze Land op Recken an och dës Kéier war dësen traditionelle Maart vum DT Recke/Miersch ee groussen Erfolleg. Moies fréi scho waren déi éischt Cyclisten um Depart vun der Randonnée du Centre, déi ëmmer am Mierscher Park start an och erëm do ukënnt. Op déi aner Manifestatioune vum September, dem Kürbisfest, dem Depart vum Tour de Luxembourg an der Mierscher Kiermes, komme mer am Oktober zeréck.

  • S2022E18 Emissioun vum 15.10.2022

    • October 15, 2022

    De Kürbis ass erëm zeréck zu Biereng an den Tour du Luxembourg mam Vëlo huet wéi all Joer den Depart fir déi lescht Etapp zu Miersch geholl. D'Kürbisfest 2022 an de Skoda Tour de Luxembourg sinn eis Sujete Mëtt Oktober. Vill Spaass beim Kucken !

  • S2022E19 Emissioun vum 31.10.2022

    • October 31, 2022

    Freed a Leed weise mer Iech dës Kéier bei Miersch TV: All Joer am Oktober gëtt un déi grausam Verbriechen aus dem zweete Weltkrich erënnert. Zu Miersch geschitt dat ëmmer op eng impressionant Manéier. D'Ekipp ronderëm den Deche Felix Steichen mam Erny Kohn an dem Kevin Kohn erënnert dëst Joer an engem Film un d'Schicksal vum Régine Garçon. Duerno maache mer ee grousse Sprong a ginn op déi nei Mierscher Kiermes mat Spill a Spaass fir Jonk an Al. Déi éischt Editioun vun der neier Kiermes vun der Mierscher Gemeng war ee groussen Erfolleg op deen sech fir déi nächst Joren opbaue léist.

  • S2022E20 Emissioun vum 15.11.2022

    • November 15, 2022

    3 Sujeten hu mer an der Emissioun vum 15. November fir Iech: Enn Oktober sinn déi nei Awunner aus der Gemeng am Kulturhaus begréisst ginn an d'Veräiner an Institutiounen hu sech virgestallt. Zu Recken ware mer op eng intressant Konferenz iwwert de Klimawandel. D'Arméi hat sech Miersch eraus gesicht fir do den 30ten Anniversaire vun den Auslandsmissiounen ze feieren. Mir wënschen Iech vill Freed beim Kucken a bis geschwënn zu Miersch. Am beschte schonn de 26.ten a 27te November um Chrëschtmaart.

  • S2022E21 Emissioun vum 30.11.2022

    • November 30, 2022

    Et muss net ëmmer nei sinn, kéint een d'Emissioun vun Enn November iwwerschreiwen! Fir d'éischt weise mer Iech déi restauréiert Uergel an der Mierscher Kierch. D'Uergel aus dem Joer 1956 ass vun der Firma Hugo Mayer souzesoe ganz nei gemaach ginn an si gouf dann och kierzlech ganz feierlech, mat engem Concert vun den Organiste Luss Steffen a Carlo Philippe ageweit. Och wéi nei sinn déi Vëloen a Kleeder, déi der an den zwee neie Butteker vu CNDS Nei Aarbecht zu Miersch fannt. Dës Geschäfter, wou der och äre Vëlo gefléckt kritt, goufe viru kuerzem a Presenz vun der Ministesch Corinne Cahen ageweit. An am leschte Reportage bleiwe mer bei gebrauchte Kleeder, déi der no der Pandemie-Paus elo erëm zweemol d'Joer um Second-Hand vun de Jeunes Mamans vu Miersch fannt. Op de Chrëschtmaart komme mer dann de 15. Dezember zeréck an da weise mer Iech och Biller vum Dag vum Bam. Merci fir d'Nokucken a bis geschwënn zu Miersch !

  • S2022E22 Emissioun vum 15.12.2022

    • December 15, 2022

    De Chrëschtbam an d'Buch, also de Bam, net dat fir ze liesen, stinn an dëser Emissioun am Mëttelpunkt: Endlech no 2 Joer war erëm ee richtege Chrëschtmaart : Ouni Masken, ouni Covid-Check, ouni Restriktiounen a mat Kleeschen. An de Mierscher Chrëschtmaart, deen ëmmer méi grouss gëtt, war erëm ee risegen Erfolleg. Um Dag vum Bam, kréien déi Neigebueren aus dem Joer virdrun (also 2021) ëmmer ee Bam gesat. Dës Kéier war et eng Buch, an déi steet zu Rolleng. Miersch TV wënscht Iech schéi Chrëschtdeeg a mir gesinn eis Silvester fir déi lescht Emissioun vun 2022 mat engem Réckbléck op dat ganzt Joer.

  • S2022E23 Emissioun vum 31.12.2022

    • December 31, 2022

    Um leschten Dag vum Joer kucke mer zeréck op all déi Reportagen, déi mer Iech am Joer 2022 gewisen hunn. An engem Zesummeschnëtt vu ronn 30 Minutten huele mer Iech mat op all Organisatiounen, Manifestatiounen an Evenementer, déi d'Gemeng Miersch am Joer 2022 ze bidden hat. An dir wësst : Zu Miersch ass ëmmer eng lass! Dat wäert och 2023 esou bleiwen an do gesi mer eis hoffentlech op där enger oder anerer Manifestatioun. Miersch TV wënscht Iech Alles Guddes fir dat neit Joer, virun allem Gesondheet a Merci, dass dir eis Emissiounen ëmmer kuckt a weider deelt !

Season 2023

  • S2023E01 Emissioun vum 15.01.2023

    • January 15, 2023

    Miersch TV geet elo schonn an dat 5t Joer ! Villmools Merci der Gemeng mä virun allem och Iech, déi der eis Emissioune reegelméisseg kuckt an Alles Guddes fir 2023 fir Iech an är Léifsten. Fir déi éischt Sendung vum Joer kucke mer mam Buergermeeschter Michel Malherbe zeréck op dat, wat 2022 an der Gemeng geschafft gouf awer och no vir op dat, wat usteet oder amgaangen ass. Duerno stelle mer Iech mat de Mierscher Geschichtsfrënn de Mierscher Meeschter-Fotograf, de Boski, vir. D'Ausstellung iwwer den Edmond Hansen leeft nach bis de 5. Februar am Mierscher Kulturhaus.

  • S2023E02 Emissioun vum 31.01.2023

    • January 31, 2023

    Ee Minister, dee vun Tuten a Blosen eng Anung huet an eis de Bass hält an d'Méiglechkeet fir méi Leit GUTT ze WUNNEN, esou kann een d'Emissioun vun Enn Januar iwwerschreiwen. Endlech konnt d'Mierscher Musek no 2 Joer erëm hire Wanterconcert ganz normal spillen. Als Special Guests waren ënnert anerem de Ricardo Vieira an d'Zolwer Musek invitéiert an déi hate mam Georges Engel ee Minister derbäi, deen ee Solo zum Beschte ginn huet. Eng Wunneng zu Lëtzebuerg zu engem bezuelbare Präis, dat ass fir vill Leit am Land nach ëmmer een Dram. Déi nei Asbl, "Gutt Wunnen" wëll Leit mat méi klengem Akommes hëllefen deen Dram ze realiséieren. D'Statue vu "Gutt Wunnen Asbl." si viru kuerzem vun de Buergermeeschtere vu 6 Gemengen zu Miersch ënnerschriwwe ginn. Merci fir d'Kucken !

  • S2023E03 Emissioun vum 15.02.2023

    • February 15, 2023

    An der Emissioun vum 15. Februar huele mer Iech fir unzefänke mat op d'Seniorefeier. All Leit vun iwwer 65 Joer waren invitéiert a si si mat Iessen, Drénken a flotter Musek esou richteg verwinnt ginn. Am zweete Reportage geet et ëm den Denkmalschutz. D'Kulturministerin Sam Tanson an déi Responsabel vum INPA waren op Miersch komm fir den Inventar virzestelle vun deenen Objeten, déi an der Mierscher Gemeng sollen national geschützt ginn. Bis den 1. Mäerz kënnt der nach är Remarken zu deem Inventar areechen. Merci fir d'Kucken !

  • S2023E04 Emissioun vum 28.02.2023

    • February 28, 2023

    Sport a Kultur dominéieren an der Emissioun vun Enn Februar: Miersch ass eng ganz sportlech Gemeng. Dat weist sech net zu lescht op der Sportleréierung, wou déi bescht SportlerInnen aus dem Joer 2022 ausgezeechent goufen an et gouf ee Spezialpräis fir dem Bob Jungels seng super Performance am Tour de France. Endlech konnten déi Pëttener Theaterfrënn no 3 laange Joren nees Theater spillen an dat mat enger neier Regisseurin, dem Karin Kremer, a mat vill Erfolleg. Vill Spaass beim Kucken a bis geschwënn zu Miersch!

  • S2023E05 Emissioun vum 15.03.2023

    • March 15, 2023

    D'Enn vum Wanter an d'Enn vun der Fuesend feire mer an der Emissioun vum 15. Mäerz 2023: D'Léierpersonal an d'Kanner aus dem Precoce an aus der Spillschoul vu Miersch konnten no de Corona-Joren endlech erëm hire Fues-Ëmzuch organiséieren. Fir Buergsonndeg hu mer eis dëst Joer Miesdref eraus gesicht. Eng grouss Buerg a grouss Konkurrenz mat Pëtten Merci fir d'Kucken!

  • S2023E06 Emissioun vum 31.03.2023

    • March 31, 2023

    Et ass Fréijoer an d'Natur weist sech erëm vun hirer schéiner a faarweger Säit. Et ass Zäit fir een Ausfluch op den Hunnebur. Dës flott Plaz ass nei amenagéiert a viru kuerzem ageweit ginn. Mir huelen ech mat.....bei Reen a bei Sonn. A ronn 10 Woche wiele mer déi nei Gemengeréit an eng éischte Kéier kënnen och Net-Lëtzebuerger, egal wéi laang se am Land wunnen, mat wiele goen. Si mussen sech bis de 17. Abrëll awer op der Gemeng aschreiwen a ganz vill vun hinnen hunn dat um nationalen Aschreiwungsdag gemaach. Eng schéin Ouschtervakanz a bis de 15. Abrëll mat enger neier Emissioun vu Miersch TV.

  • S2023E07 Emissioun vum 15.04.2023

    • April 15, 2023

    Ouni Maison Relais hätte vill Elteren et schwéier fir zu zwee schaffen ze goen an dacks mussen d'Elteren zu zwee schaffe goen. Eng grouss Erausfuerderung fir d'Gemengen, also och fir déi Mierscher Gemeng, ass et fir ëmmer nei Betreiungsstrukturen ze schafen. Dat ass um Krounebierg op eng ganz flott Manéier gelongen an déi Maison Relais gouf viru kuerzem ageweit an d'Kanner selwer hu bei där Aweiung eng grouss Roll gespillt. Duerno huele mer Iech mat an d'Mierscher Kulturhaus, wou jo och Rolle gespillt ginn. D'Kulturhaus ass fir d'Mierscher Bierger, fir d'ganzt Land an awer och fir d'Schoulen do, wëll reegelméisseg ginn d'Schoulen och Spektakele kucken. Mir ware mat bei "Körper am Ende der Welt". Vill Spaass beim Kucken!

  • S2023E08 Emissioun vum 30.04.2023

    • April 30, 2023

    Grouss Botz an der Natur an am Kleederschaf heescht et Enn Abrëll bei Miersch TV: Fréijoer ass ëmmer d'Zäit vun der Naturbotz an do waren trotz ganz schlechtem Wieder eng 150 Leit um Rendezvous fir hir Gemeng ze botzen. Respekt a Merci ! Merci och deene ville Leit, déi reegelméisseg gutt erhale Kleeder stëfte fir dass d'Jeunes Mamans se fir ee gudden Zweck op hirem scho ganz bekannte Second Hand weider verkafen. Merci fir d'Kucken a Merci fir dës Emissioun weider ze deele mat äre Frënn !

  • S2023E09 Emissioun vum 15.05.2023

    • May 15, 2023

    An de Bësch an an d'Schwämm huele mer Iech an der Emissioun vu Mëtt Mee mat: D'Schwämm um Krounebierg huet viru kuerzem deen Zwou-Milliounste Visiteur begréisst a bei där Geleeënheet och nach déi nei Vëlo-Wäschstatioun, déi bei der Schwämm steet, ageweit. Am Bësch bei Schëndels war déi traditionell Lietsch, eng Holzstee mat awer och vill Ambiance, Iessen an Drénken. Mir hunn d'Stee an d'Ambiance fir Iech a Biller resuméiert. Am Agenda invitéiere mer Iech op d'Final vun der Coupe de Luxembourg am Futtball, wëll den FC Marisca huet sech sensationell fir déi Final qualifizéiert. E puer Biller vun der Halleffinall géint Munneref hu mer dann och um Enn vun dëser Emissioun fir Iech. Dem FC Marisca wënsche mer vill Erfolleg fir déi Final an Iech soe mer ee grousse Merci fir d'Kucken.

  • S2023E10 Emissioun vum 31.05.2023

    • May 31, 2023

    Ganz sportlech si mer Enn Mee an eiser Emissioun ënnerwee: Den FC Marisca Miersch huet eng exzeptionell Saison gespillt a spillt déi nächst Saison an der héchster Divisioun vum Lëtzebuerger Futtball. Als Kiischt um Kuch hunn d'Spiller vum Mikhail Zaritski och nach d'Coupe Final géint Déifferdeng gespillt. Respekt a Felicitatioun an Alles Guddes fir d'Zukunft. Dass et awer net just Futtball als Sport an der Mierscher Gemeng gëtt, huet ee ganz gutt op der "Nuit du Sport" gesinn. Hei konnt ee ganz vill verschidde Sportaarte probéieren a ganz vill Kanner an Erwuessener hunn dat och gemaach. Am Agenda invitéiere mer Iech op ganz vill Evenementer de Weekend vum 3. a 4. Juni. Mir gesinn eis also hoffentlech deemnächst zu Miersch. Merci fir d'Kucken an Deelen !

  • S2023E11 Emissioun vum 15.06.2023

    • June 15, 2023

    Bännercher, ee Voile, ee Steen! Et gëtt geschafft an der Mierscher Gemeng an also och ageweit. D'Rue Grande-Duchesse Charlotte ass endlech ganz nei gemaach an och elo offiziell ageweit. Bei der Aweiung war nieft dem Premier Xavier Bettel an de Ministeren Tanson a Backes awer nach ee ganz prominente Gaascht : de Superjhemp an dee bleift och elo do als Erënnerung un de Roger Leiner. Nach net fäerdeg mä op d'mannst um gudde Wee ass déi nei Schoul am Zentrum vu Miersch. 60 Milliounen Euro ginn hei investéiert an de Grondsteen ass geluecht. Vill Freed beim Kucken a bis geschwënn zu Miersch !

  • S2023E12 Emissioun vum 30.06.2023

    • June 30, 2023

    Sportlech a musikalesch si mer an der Emissioun vun Enn Juni ënnerwee Fir d'éischt fuere mer mat de Kanner beim sougenannte Stärentour mam Vëlo an d'Schoul um Krounebierg. D'Elterevertrieder wëlle mat dëser Aktioun de Kanner weise wéi se mam Vëlo sécher an hir Schoul kommen. Zu Miersch am Park war nees de grousse Concours vun den Haupeschbléiser. Donieft gouf awer och den Dag vun der Juegd gefeiert. Vill Spaass beim Kucken !

  • S2023E13 Emissioun vum 15.07.2023

    • July 15, 2023

    Groussherzogsgebuertsdag an de Gebuertsdag vum Kannerduerf feiere mer an dëser Emissioun: D'Festivitéite fir Nationalfeierdag haten erëm ganz vill Leit op Miersch gezunn an och wann d'Wieder net 100 Prozent matgespillt huet, war et ee ganz flott Fest. Zanter 55 Joer scho gëtt et d'Mierscher Kannerduerf an dat gouf dëst Joer um Summerfest esou richteg gefeiert. Merci fir d'Kucken

  • S2023E14 Emissioun vum 31.07.2023

    • July 31, 2023

    Zwou Manifestatioune bei beschtem Wieder presentéiere mer Iech an der Emissioun vun Enn Juli: D'Union Commerciale hat op hir traditionell Braderie invitéiert an op deene ganz ville Stänn gouf et natierlech vill gutt Affären ze maachen. D'Duerfsieschter vu Miesdref, Pëtten an Essen hunn aus hirem Schlassfest ee Schlassmaart gemaach an déi éischt Editioun konnt sech weise loossen an deem flotte Kader vum Pëttener Schlass. Miersch TV mécht Mëtt August Paus an ass dann Enn August erëm fir Iech do.

  • S2023E15 Emissioun vum 31.08.2023

    • August 31, 2023

    Mir kucken Enn August op e puer Manifestatioune vu virun der Vakanz zeréck: Mir huelen Iech mat op d'Schoulfest vum Cycle 1 wou a ganz villen Atelieren a Spiller ganz vill gebuede gouf. Duerno gi mer dann op dat 40t Schlassfest zu Schëndels. A fir ofzeschléissen huet den Henri Krier eis puer Biller vum Camp vun de LGS vu Miersch mat bruecht. Vill Spaass beim Kucken a Merci dem Heng fir d'Biller.

  • S2023E16 Emissioun vum 15.09.2023

    • September 15, 2023

    Mir soen an dëser Emissioun zweemol Äddi a Merci: De Léon Wantz, de Sekretär vun der Mierscher Gemeng, ass viru kuerzem an d'Pensioun gaangen an dat no iwwer 40 Joer trei Déngschter. Mir waren op engem vu senge leschte Schaffdeeg bei de Léon op de Büro. Duerno soe mer dann enger flotter Manifestatioun Äddi, wëll d'Organisateure vum "Alles op de Vëlo tëscht Mamer a Miersch" hunn decidéiert, dass no 25 Joer soll Schluss sinn. Mir waren op der leschter Editioun mat Vëlo a Kamera derbäi.

  • S2023E17 Emissioun vum 30.09.2023

    • September 30, 2023

    Zwou grouss Manifestatioune sinn traditionell um Schluss vun der Summervakanz an der Mierscher Gemeng: Den Eenelter Maart ass schonn déi 15te Kéier zu Recken organiséiert ginn a wéi gewinnt war dëse Maart vum Dëschtennis Recken ee ganz groussen Erfolleg. Och bei der Randonnée du Centre hunn erëm ganz vill Cycliste matgemaach an sech op de Wee fir déi 40 oder 80 km gemaach. A Miersch TV war mat der Kamera mattendran.

  • S2023E18 Emissioun vum 15.10.2023

    • October 15, 2023

    Zwee flott Volleksfester weise mer Iech an der Emissioun vu Mëtt Oktober: Kiermes wéi fréier heescht et zanter dem leschte Joer zu Miersch. Aus enger Kiermes, déi den Numm net méi richteg verdéngt hat, ass elo erëm ee richteg flott, a virun allem bëssen anert Fest ginn. Traditioun huet schonn der Kürbis-Weekend zu Biereng an deen hat och dëst Joer bei guddem Wieder erëm ganz vill Leit aus dem ganze Land ugezunn.

  • S2023E19 Emissioun vum 31.10.2023

    • October 31, 2023

    Mir feieren an der Emissioun vum 31.10.2023: Fir d'éischt feiere mer déi nei gewielte Gemengeréit vu Miersch an dat bei enger flotter Ovatioun, déi vum Syndicat d'Initiative et de Tourisme organiséiert gouf. Duerno feiere mer 20 Joer Kulturhaus a presentéieren Iech de Programm vun der Saison 2023/2024 Vill Spaass beim Kucken