All Seasons

Season 1

  • S01E01 Stad Lëtzebuerg

    • September 18, 2022

    D'Maus Kätti reest an der éischter Folleg vu Biermereng an d'Stad a geet do d'Festung kucken. Dobäi gëtt si vum Renée begleet, déi Guide an der Stad ass.

  • S01E02 Schengen

    • September 25, 2022

    D'Maus Kätti reest an der zweeter Folleg vu Biermereng op Schengen. Do huet haat Rendezvous mam Martina, dat him erkläert firwat Schengen sou berüümt ass.

  • S01E03 De 1535 an den CNA

    • October 2, 2022

    D'Maus Kätti reest haut an de Süden. Do geet si de kreative Zenter 1535 zu Déifferdeng kucken an duerno geet si an den CNA op Diddeleng virwëtzen.

  • S01E04 Cliärref

    • October 9, 2022

    D'Maus Kätti reest haut an d'Eisléck. Zu Clierf begéint si hirer gudder Frëndin Marie-Justine déi hir d'Abtei weist. Duerno entdeckt si mam Jutta de Klangwee.

  • S01E05 Gréiwemaacher

    • October 16, 2022

    D'Maus Kätti reest haut an den Osten. Zu Gréiwemaacher mécht si mat hirer Frëndin Sandra en Tour am Päiperlécksgaart, an duerno entdeckt si de Kulturhuef.

  • S01E06 Useldeng a Marteleng

    • October 23, 2022

    D'Maus Kätti mécht en Tour op Useldeng. Do weisen de Patrick an d'Ritterpopp Roby dem Kätti déi cool Buerg. Duerno geet et op Marteleng bei d'Alexia an e Musée.

  • S01E07 Terres Rouges a Musée des Mines

    • November 13, 2022

    Um Lallenger Bierg begéint d'Maus Kätti dem Paul, deen him weist wou viru laanger Zäit Eisenerz ofgebaut gouf. D'Yvette weist hir duerno de Musée des Mines.

  • S01E08 De Stater Gronn

    • November 20, 2022

    An der Stad huet d'Kätti nees Rendezvous mam Renée an zesumme ginn si an de Gronn. Do entdecke si d'Abtei Neimënster, den Naturmusée a begéinen der Melusina.

  • S01E09 Beefort am Mëllerdall

    • November 27, 2022

    Zu Beefort erkläert d'Diana dem Kätti den Ënnerscheed tëscht engem Schlass an enger Buerg ass. Hei entdeckt d'Kätti och d'Geheimnis vun der Folterkammer.

  • S01E10 Biodiversum

    • December 11, 2022

    Am Haff Réimech begéint d'Kätti dem Patrick, hie schafft am Biodiversum. Do entdeckt d'Kätti e ganz speziellen Musée, mä virun allem vill Déieren an Natur.

  • S01E11 Veianen an d'Ourdall

    • December 11, 2022

    Zu Veianen waart de Jang op d'Kätti. Als Guide kennt hien d'Schlass wéi keen aneren. Duerno mécht d'Kätti mam Miriam d'Ourdall Promenad an déi ass mega flott!

  • S01E12 Escher Déierepark

    • December 18, 2023

    Uewen um Gaalgebierg begéint d'Kätti dem Anne an zesumme besichen si den Déierepark. Do entdecken si Hamstere, Murmeldéieren, den Heemelzoo, Bamhaiser a méi.